GoodFoodLoop

De Projet GoodFoodLoop riicht sech u Jonker tëscht 12 a 18 Joer fir si fir d’Wichtegkeet vun engem gesonde Gläichgewiicht tëscht Ecran-Notzung an dem richtege Liewen ze sensibiliséieren. Dës Initiativ fënnt a Form vu mobillen Touren statt, déi duerch verschidde Stied a Gemengen am ganze Land ugebuede ginn. De Projet bitt en dynameschen an interaktive Programm un, deen kierperlech Aktivitéit, gesond Ernierung a Wuelbefanne kombinéiert.

Ënnert der Woch riicht de Projet sech u Schoulklassen aus de Lycéeën, wärend e Samschdes fir Jugendgruppen op ass. De GoodFoodLoop ass eng Initiativ vum Service national de la jeunesse a dréit zur neier Campagne vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse bäi:
« Screen-Life Balance: Manner Ecran – Méi Beweegen, Entdecke, Erliewen ».

Nos offres

  • GoodFoodLoop-Tours

    Den Programm GoodFoodLoop geet op Tournée a sämtlech Ecker vum Land. Hei kënnt dir iech op eisen verschidden Touren umellen!

  • Summer Challenge

    Kommt als Team op een vun eisen Summer Challenges ! Erlierft e spannenden Dag voller Erausfuerderungen a Spaass ! Jonker triede géinteneen un a weisen wat an hinne stécht

  • Urban Sports

    Entdeck och du Urban Sports wéi DiscGolf, Spikeball, Frisbee, Jongléiere oder Slackline. Léier dobäi deng Balance an deng Koordinatioun kennen !

Aktualitéiten

À propos